Lellingen, Lellgen (Hellege Péitrus)

Horaire d’ouverture:
Samsdeg: 09h00 - 19h00
Sonndeg: 09h00 - 19h00

Programm:

Sonndeg, den 3. Juni 2018 vu 16 bis 18 Auer

Vu Kierch zu Kierch am Kiischpelt

Den Numm Kiischpelt kënnt aus dem däitsche „Kirchspiel“ a weist op eng gréisser Par hin, déi et virun der franséischer Revolutioun gouf a vun där d’Parkierch vu Pënsch den Zentrum war (eng sougenannt "Mutterkirche"). Bei dësem Kierchentour ginn 3 Kierchen aus dësem Sprengel virgestallt: déi fréier Porkierch vu Pënsch, d’ Duerfkierch vu Lellgen an d’Donatus-Kapell vu Pënsch.

Zu Pënsch an der Sankt Maximäin Kierch ass de barocke Mobilier vum Jean-Georges Scholtus ganz erhalen. Och déi historesch Müller-Uergel an d’Klacke si vun eemolegem Wäert. De Kiercheraum vu Lellgen mat senger eegenaarteger Bauform huet e puer modern Konschtwierker opzeweisen. D’Kapell zu Pënsch ass wäertvoll fir d’Veréierung vum hl. Donatus an der Emgéigend.

Praktesch Organisatioun: RV ass um 16 Auer zu Pënsch bei der Kierch. No der Visite geet et zu Fouss (ongef. 20 Min.) iwwert de sougenannte Kierchepad op Lellgen; mam Bus geet et zréck op Pënsch, mat enger Halte bei der Donatus-Kapell.

De Francis Helm, Kiercherotsmember, den Deche Martin Molitor an d’Christiane Kremer-Hoffmann erklären d’Geschicht an de bedeitsame Mobilier vun dëse Kiercheräim.

D’Uergel gëtt gespillt vum Cédric Gustin, Organist vu Pënsch.

Co-Organisateur: EwB, LSRS an d’Por Wooltz Saints-Pierre-et-Paul

Photo by Jim Wanderscheid [cc by-nc-nd] via phototheque.cathol.lu