D’Mariebild an der Lëtzebuerger Konscht , illustréierte Virtrag mam Alex Langini

D’Muttergottes gëtt net eréischt zënter datt si Patréinerin vun der Stad an dem ganze Land ass veréiert. Zënter dem fréie Mëttelalter fënnt een si a ville verschiddene Formen an Duerstellungen. Als Statu, um Bild, am Relief oder an de Kierchefënsteren, ënnert anerem als Pieta mat hirem doudege Jong um Schouss oder leidend nieft dem Kräiz, awer och als Himmelskinnigin oder als jonk Mamm mam Jesuskëndchen um Aarm. Nieft de ville Kopië vun der Consolatrix a bal jidder Kierch vum Land gëtt et eng ganz Partie kënschtleresch wäertvoll Unikater vu Lëtzebuerger an auslännesche Kënschtler, déi et gëllt ze erkennen an ze schützen. Och d‘Billersprooch gëtt hei virgestallt. Firwat steet d’Maria z. B. des ëfteren um Kapp vun enger Schlaang, oder firwat huet de Jesus dacks eng Kugel am Grapp? oder ass et een Apel? Och seng kleng Féisercher ginn heiansdo extra betount. Wat huet et domat op sech?

Den Alex Langini ass als Conservateur diocésain zoustänneg fir d’Erhalen an d’Restauratioun vun deene Konschtwierker, déi der Kierch gehéieren, souwuel d’Gebaier wéi och den Inventaire bannendran.