Kierchentour zu Wahl

Tëschent Himmel an Äerd: De Barock an enger Duerfkierch
E Sonndeg, de 27. Mee vu 16 bis 17.30 Auer

Déi eelst Archiven ernimmen eng Parkierch zu Wahl am Ufank vum 14. Joerhonnert. Aus alen Dokumenter geet och ervir, dass d’Por Wahl zënter dem 12. Jh all Joer fir Päischtdënsdeg zur Wallfahrt op Iechternach verflicht war. D’Kierch vun haut gouf am ländleche Barockstil gebaut an am 19. Jh vergéissert. Hiren Haaptaltoer ass am prächtege Rokokostil a weist e Bild vun der Kréinung vu Maria am Himmel. Déi al Kommiounsbänk gouf bei der Restauratioun am Altoerraum integréiert.

D’Christiane Kremer-Hoffmann, Theologin, erzielt, wéi d’Konscht- an d’Billerwelt vum Barock an d’Kierche koum, als Reaktioun op déi protestantesch Reformatioun.
De Jean Ferber, Kiercheguide, féiert duerch d’Geschicht vun der Par an duerch d’Kierch. De Gesang vun der Gemeng Wahl, ënnert der Leedung vun der Organistin Sylvie Schartz-Kips, léisst de Raum erkléngen.

Zum Ofschloss invitéieren d‘Frënn vun der Wahler Kierch an d‘Gemeng Wahl op den Eirewäin zur feierlicher Opnahm vun der Kierch an de Réseau oppe Kierchen.

Co-Organisateur: LSRS an d’Par Atertdall Sainte-Claire

http://www.erwuessebildung.lu/index.php/de/veranstaltungen