Kierchentour zu Réimech

"Rutt oder Tiitche vum Kleeschen?"
7. Oktober 2018 vu 16 bis 17.30 Auer

Illustratioun: Fernand Urhausen

De Lëtzebuerger an deenen, déi schons länger zu Lëtzebuerg wunnen, ass de Brauch vum Kleesche bekannt. Mee ëmmer manner Leit wëssen wou en hierkënnt a wat et eigentlech domat op sech huet. Dobäi kënnt, datt en sech lues awer sëcher mam Brauchtum aus anere Länner vermëscht.

Des Serie vu Manifestatiounen bis Mëtt Dezember am Kader vun der Année européenne du Patrimoine soll d’Geleenheet bidden fir sech unzekucken, ween dee bedaitenden Hellegen ass, sech domat auserneen ze setzen wou de Brauchtum hier kënnt, a wéi a firwat en sech am Laf vun der Zäit verännert huet.

Och op der Musel gëtt de Kleesche veréiert. D’Por krut viru kuerzem, op Wonsch vun de Leit, den Hellegen Niklos zum Patréiner. Seng Roll als Patréiner vun de Leit, déi mat der Schëfffaart ze dinn hunn, huet op der Musel eng besonnesch Bedeitung.

Déi haiteg Réimecher Kierch gouf 1817 op der Plaz vun der Virgängerkierch gebaut. Si krut hiren imposante barocke Frontgiewel 1904. Besonnesch markant ass ausserdeem de réimesch-fränkeschen Tuerm, deen ursprünglech e Waachtuerm mat Pechnues war.

De Jean-Louis Zeien, Schoulreferent am Äerzbistum, schwätzt driwwer, wéi eng Roll den Hellege Mann an der Erzéiung, an der Famill an an der Gesellschaft spillt a werft dobäi e Bléck op den historesche Personnage a seng Legenden.

De Gérard Kieffer, Ëmweltreferent am Äerzbistum, féiert duerch seng Heemechtskierch a verzielt och vum Brauchtum zum Kleeschen op der Musel, fréier an haut.

Tëschent deen eenzelne Virträg léisst den Organist Patrick Wilwert mat passender Musek de Raum erkléngen.

Organisatioun: Les Amis de Saint Nicolas (Paroisse Notre Dame, Service éducation et enseignement de l’Archevêché de Luxembourg, ErwuesseBildung) an d’Luxembourg School of Religion & Society an Zesummenaarbecht mat der Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas.
Koordinatioun: Laure Simon, ErwuesseBildung