Kierchentour zu Nidderwolz

Wa Steng eng 1000järeg Geschicht erzielen
E Sonndeg, de 17. Juni vu 16 bis 17.30 Auer

Zënter méi wéi 1000 Joer gëtt et zu Wooltz eng Kierch, déi dem hl. Péitrus an hl. Paulus geweit ass. Dat gotescht Verwëllef mat senge wonnerschéine Wopen an de Schlussteen weisen op déi laang a beweegte Baugeschicht hin. Si ass eng vun de schéinste spéitgotesche Kierche vu Lëtzebuerg. D’Vergréisserung kuerz virum 2. Weltkrich ass harmonesch gelongen. Gutt erhale Renaissance Grafsteng ginn Hiweiser op adeleg Familljen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. D’Muttergottes vu Fatima ass d’ganzt Joer iwwer hei doheem.

De Paschtouer Martin Molitor invitéiert zu engem geféierte Wee duerch d’Kierch, bei deem déi eenzel Deeler an hir reliéis Bedeitung erkläert ginn. Hee geet och op déi historesch Bedeitung vun der Kierch an op d‘Relatioune mat der Herrschaft vum Wëltzer Schlass an. Tëschent deenen eenzelen Deeler léisst de Josy Putz op der grousser Eisenbarth-Uergel de Raum erkléngen.

Co-Organisateur: LSRS an d’Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul