Kierchentour zu Housen

"Vum Hl. Niklos an anere Patréiner"
Sonndes, de 4. November 2018 vu 16 bis 17.30 Auer

Illustratioun: Fernand Urhausen

De Lëtzebuerger an deenen, déi schons länger zu Lëtzebuerg wunnen, ass de Brauch vum Kleesche bekannt. Mee ëmmer manner Leit wëssen wou en hierkënnt a wat et eigentlech domat op sech huet. Dobäi kënnt, datt en sech lues awer sëcher mam Brauchtum aus anere Länner vermëscht.

Des Serie vu Manifestatiounen bis Mëtt Dezember am Kader vun der Année européenne du Patrimoine soll d’Geleenheet bidden fir sech unzekucken, ween dee bedaitenden Hellegen ass, sech domat auserneen ze setzen wou de Brauchtum hier kënnt, a wéi a firwat en sech am Laf vun der Zäit verännert huet.

Wärend Joerhonnerten ass d’Uertschaft Housen geprägt ginn duerch d’Augustinerinneklouschter, wat an der Mëtt vum Duerf stoung. Déi adeleg Klouschterfraen, déi sech hei kuerz nom Joer 1100 néiergelooss haten, haten grouss Besëtztümer, hu Landwirtschaft bedriwwen an d’Kierchen an der Ëmgéigend mat ënnerhalen. Och déi haiteg imposant Kierch ass an der Mëtt vum 18. Jh. als Klouschter-a Porkierch gebaut ginn. Am 2. Weltkrich hat se staark gelidden, gouf awer dono nees opgebaut. De Patréiner vun der Housener Kierch ass den Hl. Niklos, de Kleeschen, deen zu Lëtzebuerg e reegelrechte Vollekshellegen ass.

An engem historeschen Reckbléck kréien d’Leit en Abléck an di räich Geschicht vun dëser Kierch an si kennen sech virstellen wéi d‘ Duerfbevëlkerung mam Klouschter zesummegelieft huet. Et geet och ëm Kierchepatréiner an hir Bedäitung, speziell den Hl. Nikos, den nët nëmme fir d’Kanner wichtig war.

Et schwetzen d‘Christiane Kremer-Hoffmann, Theologin, an d‘Joëlle Lutgen-Ferber, Member vun der Housener Kulturkommissioun.

Tëschent deenen eenzelnen Erklärungen léisst d’Chorale Ste Cécile, ënnert der Direktioun vum Fernand Scheller, e puer typisch Houser Melodien erkléngen.

Organisatioun: LSRS an ErwuesseBildung zesumme mat der Par Parc Our Saint-Nicolas.

Formatioun fir Kleesercher

Donneschdes, de 15. November vun 18.30 - 21.00 Auer
an der ErwuesseBildung,
5, avenue Marie-Thérèse,
L-2132 Luxembourg (Entrée G)

Präis: 18 Euro fir jonk Leit vu 16 bis 25 Joer, 25 Euro fir all déi aner.

min. 7, max. 15.

Umeldung: tel. 4 47 43-340 oder info ewb.lu bis de 6.11.

(Gitt w.e.g. d’Coursnummer 184530K un.)

Hierscht, kuerz virum 6. Dezember, brauch de Kleeschen eng Partie Leit, déi em hëllefen. Mee, ween ass de grousse Frënd vun de Kanner iwwerhaapt, a firwat ass en esou beléift bei Grouss a Kleng? Wéi schwätzt een als Kleeschen am beschte mat de Kanner, a wéi e Gezei ass dat richtegt, fir datt de Kleeschen och nëmmen net mam „Père Noël“ oder soss engem Weihnachtsmann verwiesselt gëtt?

Mam Romain Richer, Aumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, a Laure Simon, ErwuesseBildung, gëtt sech spilleresch un de Personnage erugetaascht.

Mam Carine Schmit-Kayser, Spillschoulsjoffer a Poppespillerin, gëtt gekuckt, wéi een sech kleet an e Personnage verkierpert, dee bei de Kanner Léift a Respekt vermëttelt.

Dës Formatioun riicht sech u jonk an eeler Männer, déi Freed un eisen Traditiounen hunn, an am Kader vu Gemengen-, Veräins- oder private Feierlechkeeten oder fir e Commerce Kleeschen „spillen“.

Op Ufro kann een „Certificat de Formation“ ausgestallt ginn.
Organisation: ErwuesseBildung