De Weekend vun den oppene Kierchen ass den 2. an 3. Juni 2018

ënnert dem Thema: 1001 Gesiichter

Kuckt Iech déi 1001 Gesiichter an eise reliéise Gebaier un! Relieffer mat Figuren aus der Bibel,
Engelen am Trompe-l’oeil, Gargouillen, déi Grimasse schneiden, Helleger aus Steen an aus Edelmetal, Portraite vun Doudegen ... eis Kierche si voll mat ausdrocksstaarke Gesiichter, déi heiansdo e puerhonnert Joer al sinn. Dës Männer a Fraen, déi an der Matière veréiwegt sinn, kenneléieren, sech vun hinne verzaubere loossen, dat heescht eiser reliéiser Vergaangenheet an eisem Patrimoine begéinen. Mee mir fannen hei och d’Gesiichter vun all deenen, déi d’Liewen an eise Kierchen erhalen: déi Leit, déi den Empfang maachen, déi, déi Zeremonië feieren, d’Handwierker, déi Gleeweg an d’Pilger, an déi, déi eng Kéier era virwëtze kommen. Alleguer ginn si eise Patrimoine op hier Aart a Weis virun.

Mir si frou, fir all Kierch, déi dee Weekend op ass an d’Besicher frëndlech begréisst, mat oder
ouni Programm (passend zum Thema).
Mellt är Kierch w.e.g. bis den 1. Mäerz beim Laure Simon un fir datt se op de Programm-Dépliant kënnt. D’Detailer zu den Ëffnungszäiten an eventuell zu engem spezielle Programm (Féierungen, Ausstellungen, Concert, …) brauchen da réischt bis den 22. Mäerz matgedeelt ze ginn.
Umeldung an Informatiounen: Laure.SIMON ewb.lu oder tel. 691 804082 (mettwochs bis freides moies).

Organisatioun: ErwuesseBildung mat der Ënnerstëtzung vum Service Communication et
Presse vum Äerzbistum Lëtzebuerg.